Europadag mat zouene Grenzen

Um Europadag den 9. Mee hunn eng Rei Lëtzebuerger Stied a Gemengen, zesumme mat hire jeeweilegen Nopeschgemengen aus Däitschland, der Belsch a Frankräich, den europäesche Fändel eropgezunn, fir sech fir d'Ouverture vun de Grenzen anzesetzen. Si hu mat dësem symbolesche Geste e staarke Message vu Solidaritéit un all d'Memberstaate vun der Europäescher Unioun geschéckt.


De Beeforter Gemengerot huet sech och un dëser symbolescher Aktioun bedeelegt. Op der Sauerbréck zu Déiljen gouf den Europafändel, deen op Hallefmast stoung, pénktlech ëm 11 Auer ënnert de Kläng vun der Europahymn “Ode an die Freude” héich gezunn. Vu que, datt zu dem Zäitpunkt d’Land an der éischter Phase vun der Lockerung vun den Ausganksbeschränkunge wor, gouf keen allgemengen Opruff gemeet fir sech un dëser Aktioun ze bedeelegen.


Erënnere mer drun, datt eigentlech deen Dag ee gréissert Fest zu Beefort geplangt wor. Nieft dem traditionelle Blummemaart vum Syndicat d'initiative et du tourisme hat d’Integratiounskommissioun eng éischt Editioun vum Europafest mat engem Vide-grenier virgesinn.