Grousse Barragematch zu Beggen

De grousse Barragematch tëscht ëm Drëtten aus der Éirepromotioun an ëm Drëttleschten aus der BGL Ligue gëtt no 2009 erëm zu Beggen an der Dunant-Strooss gespillt. Ee Spilldag virum Enn vun der Saison steet schon fest, datt dëse Match wäert tëscht Wolz an Hueschtert gespillt ginn. Dëse Match gëtt Samschdes, den 28.Mee um 17h ugepaff.

Virun 2 Joer waren am Match tëscht Rëmeleng (deemools BGL Ligue) an Ierpeldeng (Éirepromotioun) iwwer 1600 Leit um Terrain. D'Equipe aus ëm Süde vum Land hat an der Schlussphase mat 2-0 d'Iwwerhand behal an ass deemools an der héchster Spillklass drabliwwen.

2008 gouf et och schon e 'klenge' Barragematch zu Beggen, deemools huet Hueschtert (EP) géint Cebra (1.Divisioun) viru knapp 500 Zuschauer 1-0 gewonn a seng Plaz an der Promotioun geséchert. Och d'lescht Saison huet d'US Hueschtert Barrage gespillt an zwar géint den Ofstig. Um Verluerekascht konnte si sech am Eelefmeterschéissen géint d'Alliance Äischdall behaapten.

Déi Wëltzer kënnen net op esou vill Erfahrung a Barragematcher zielen, mä d'lescht Saison sinn si jo souverän an direkt an d'Nationaldivisioun gestigen, wou si sech viru Kanech an der Etzella konnten an den Barragematch retten.

[ Source: www.wichtelweb.net ]