Lëtzebuerg-Belair.
Kierzlech ass am HPPA Sacré-Coeur um Belair groussen Gebuertsdag gefeiert ginn.
D’ Bewunner déi am Januar, Februar an Mäerz Gebuertsdag haten goufen geéiert . Direktioun’s Equipe vum HPPA Sacré-Coeur huet mat engem Glas Cremant mat den Bewunner ugestouss an hinnen eng kleng séiss Opmierksamkeet iwwerreecht.
Bei flotter Danzmusek vum Musikant Willy mat Animatioun vum Club R ass mat den Bewunner an hiren Famillen bis an den Owend eran gefeiert ginn. Den Owend gouf mat an engem gudden Maufel aus der Kichen an dem Gebuertsdagskuch auskléngen gelooss.
Follgend Bewunner sinn geéiert ginn:
Mme Graffé- Bockrand (81 Joer), Mme Linden -Duprel (83Joer), Mme Schmit-Vogel (84Joer), Schwëster Regina Speicher (86Joer), Mme Assa-Boever (87Joer), Mme Schimberg-Rausch ( 88Joer), Haer Bintz (89Joer), Haer Lambert (89Joer), Mme Ewen-Weis (90Joer), Mme Schuster (90Joer),
Mme Michaely (91Joer), Mme Meysembourg-Bartolé (92Joer),Mme Derneden-Erpelding (92Joer), Mme Thill-Reder (93 Joer), Schwëster Michèle Weber (93Joer), Mme Wormeringer (93Joer),
Haer Reifenberg (94Joer), Mme Niesen-Moris (94Joer), Mme Junio-Colbach (95Joer),
Mme Gudendorff- Roth (95Joer), Mme Weis- Junius (96Joer), Mme Lamberty (97Joer),
Mme Stehres-Goldschmit (97Joer), Haer Fischer (101Joer)