Gebuertsdag am HPPA Sacré-Cœur Lëtzebuerg

Lëtzebuerg-Belair.

Kierzlech gouf am HPPA Sacré-Cœur um Belair nees Gebuertsdag gefeiert.

D’Direktioun zesumme mat hirer Equipe huet de Gebuertsdagskanner vun Abrëll, Mee a Juni häerzlech Wënsch ausgedréckt an hinnen eng kleng Opmierksamkeet iwwerreecht.

Mat engem Glas Crémant gouf op déi Geeierten ugestouss, a bei flotter Danzmusek mam Musikant Willy an enger Animatioun vum Club R ass an enger gemittlecher Atmosphär gefeiert ginn.

Mat engem gudde Maufel an engem leckere Gebuertsdagkuch hunn d’Bewunner zesumme mat hire Familljen bis an den Owend eran d’Feier genoss.


Folgend Bewunner sinn geéiert ginn:

Josée NICOLAI-MERSCH 86 Joer, Jane HERBER-SCHAUL 96 Joer, Norbert CRAUSER 76 Joer,

Marguerite DEVISCOUR 82 Joer, Jules CHRISTOPHORY 86 Joer , Marianne OMES-SCHUMMER 83 Joer,

Marie-Jeanne BIBERICH-HEINTZ 88 Joer, Jean-Luc MOURET 71 Joer, Emilie KLEPPER-KOSTER 83 Joer

Louise WENNER-FISCHER 94 Joer, Emilie Anne NEU-TROSSEN 84 Joer, Phylia THILL 96 Joer

Irène STRENG 95 Joer, Marie Catherine BRANDENBOURGER 91 Joer,

Jacqueline OLLINGER-CARL 89 Joer, Irène WELTER 97 Joer, Jean Christian KOCH 90 Joer