Gebuertsdagsfeier am Home Pour Personnes Âgées Sacré-Coeur um Belair

Lëtzebuerg-Belair.


Kierzlech ass am Home Pour Personnes Âgées Sacré-Coeur de Gebuertsdag vun de Bewunner gefeiert ginn, déi am Abrëll, Mee a Juni gebuer sinn. Dës Kéier waren et 32 Jubilaren, déi ee Kaddo kruten.

Mat engem Glas Cremant, Kaffi a Kuch ass op d’Gebuertsdagskanner ugestouss ginn.

Famill a Bewunner hunn nach ee gemittlech Nomëtteg verbruecht mat flotter Musik an d’Animatiounsteam vum „Club R“ huet fir gutt Laun gesuergt.

Folgend Bewunner sinn geéiert ginn:

Madame Marie-Jeanne HOFFMANN (75 Joer), Här Jean-Nicolas SCHAUS (76 Joer),
Madame Marianne Krantz (80 Joer), Här Guy Wenkin (81 Joer), Madame Camille GRIGIONI-SCHUMANN (82 Joer), Madame Marthe LOMMEL (82 Joer), Madame Marie Anne BACKES-STEFFEN (85 Joer), Madame Marie-Laure GLESENER (85 Joer), Här Jean PEPIN (85 Joer), Madame Elisabeth SIMONIS (86 Joer), Madame Alice GROOS-MÜLLER (87 Joer), Här Jean Pierre GAUL (87 Joer), Schwëster Mary-Fancis DALY (88 Joer), Madame Hilda MANGEN (88 Joer), Madame Phylia THILL (88 Joer), Madame Lily ERPELDING-STRACKS (89 Joer), Madame Eléonore FREIMANN-EVEN (89 Joer), Madame Charlotte REINARD-ANEN (89 Joer), Madame Monika PORTKA (89 Joer), Madame Irène WELTER (89 Joer), Här Roger MAAR (89 Joer),
Madame Georgette MEDERNACH-SCHENGEN (90 Joer), Madame Karolina DORICIC (91 Joer), Madame Françoise REUTER (91 Joer), Schwëster Melanie NEU (92 Joer), Madame Angela SCHULER (92 Joer), Madame Maisy STIRN-BUCK (92Joer), Frère Jean POELMANS (92 Joer), Madame Maisy HASTERT (93 Joer), Madame Elisabeth LAUSE-LEHNERT (93 Joer), Madame Marthe FUSENIG-GIRA (94 Joer), Madame Marcelle MERGEN-WEBER (98 Joer).

Den Direkter Marc KAYSER huet allen Gebuertsdagskanner alles Guddes gewëscht an nach weider eng gutt Gesondheet a vill Freed um Liewen.