Gebuertsdagsfeier am Home Pour Personnes Âgées Sacré-Coeur um Belair

Lëtzebuerg-Belair. Kierzlech ass am Home Pour Personnes Âgées Sacré-Coeur de Gebuertsdag vun de Bewunner gefeiert ginn, déi am Juli,August a September gebuer sinn. Dës Kéier waren et 20 Jubilaren, déi ee Kaddo kruten. Mat engem Glas Cremant, Kaffi a Kuch ass op d’Gebuertsdagskanner ugestouss ginn. Famill a Bewunner hunn nach ee gemittlech Nomëtteg verbruecht mat flotter Musik.

Folgend Bewunner sinn geéiert ginn: Madame Anny THILL (78 Joer) Madame Catherine PETIT-QUARING (81 Joer) Här Guy GENGLER (81 Joer) Madame Christine GILLANDER-BISENIUS (83 Joer) Här Jean WEYDERT (83 Joer) Madame Marguerite MOLITOR (84 Joer) Madame Léontine ZEYEN-RATHS (85 Joer) Madame Marie BOETTEL-MERSINGER (86 Joer) Madame Julie HEYART-DOEMER (86 Joer) Här Ferdy FISCHER (86 Joer) Här Jean Jacques LEPESANT (86 Joer) Schwëster Michaela WILLEMS (88 Joer) Madame Helène KAISER-POMMERELL (88 Joer) Madame Germaine THULL-LUXEN (89 Joer) Här André LESCH (89 Joer) Madame Claire FRIEDEN-WEITZEL (90 Joer) Här Charles Norbert BÜCHLER (93 Joer) Madame Lya HALLÉ-HANSEN (94 Joer) Madame Germaine PAULUS-SCHAACK (95 Joer) Madame Irène BLASEN-GLAUDEN (96 Joer)

D’Direktioun huet allen Gebuertsdagskanner alles Guddes gewënscht an nach weider eng gutt Gesondheet a vill Freed um Liewen.