Gebuertsdagsfeier am Home Pour Personnes Âgées Sacré-Coeur um Belair

Lëtzebuerg-Belair.

Kierzlech ass am Home Pour Personnes Âgées Sacré-Coeur de Gebuertsdag vun de Bewunner gefeiert ginn, déi am Oktober, November an Dezember gebuer sinn. Dës Kéier waren et 27 Jubilaren, déi ee Kaddo kruten.

Mat engem Glas Cremant, Kaffi a Kuch ass op d’Gebuertsdagskanner ugestouss ginn.

Famill a Bewunner hunn nach ee gemittlech Nomëtteg verbruecht mat flotter Musik an d’Animatiounsteam vum „Club R“ huet fir gutt Laun gesuergt.

Folgend Bewunner sinn geéiert ginn:

Schwëster Pierre Julien WEISSEN (75 Joer); Schwëster Martha HEINISCH, Schwëster Marguerite SCHON, Madame Denise PFEIFFER-FORSTBAUER (82 Joer); Madame Marie-Thérèse MARTIN-WEIDERT, Här Robert BIWER (84 Joer); Schwëster Patrice LEY, Madame Maria BERG-SCHARTZ, Här Roland GRIGIONI (85 Joer); Schwëster Ambrosia ARENS (86 Joer); Här François GODAR, Här Georges WEYRICH, Här Lucien ZEYEN (87 Joer); Madame Medy ESCH-PEIFFER, Madame Virginie HOBSCHEID-NEUSER (89 Joer); Madame Germaine FEINEN-NEUMAN (90 Joer); Madame Léonie FELLER-HINNA, Madame Léontine FRAST, Madame Marie-Lou THILL (91 Joer); Madame Ginette SCHMIT-TARTIÈRE (92 Joer); Schwëster Marie-Agnès SIEBENALLER, Madame Jeanny WIES-MORITZ (93 Joer); Schwëster Teresa LOBIS (94 Joer); Madame Cecile KREMER-STUMPF, Madame Joséphine PONCIN-REICHEL (98 Joer); Madame Madeleine METZLER-KAUFFMAN (101 Joer) Madame Marie-Germaine MÜLLER-ERPELDING;

D‘Direktioun huet allen Gebuertsdagskanner alles Guddes gewënscht an nach weider eng gutt Gesondheet a vill Freed um Liewen.