Gebuertsdagsfeier am Home Pour Personnes Âgées Sacré-Coeur um Belair

Lëtzebuerg-Belair.

Kierzlech ass am Home Pour Personnes Âgées Sacré-Coeur de Gebuertsdag vun de Bewunner gefeiert ginn, déi am Oktober, November an Dezember gebuer sinn. Dës Kéier waren et 29 Jubilaren, déi ee Kaddo kruten. Mat engem Glas Cremant, Kaffi a Kuch ass op d’Gebuertsdagskanner ugestouss ginn. Famill a Bewunner hunn nach ee gemittlechen Owend verbruecht mat flotter Musik an d’Animatiounsteam vum „Club R“ huet fir gutt Laun gesuergt.

Folgend Bewunner sinn geéiert ginn:

Schwëster Martha HEINISCH (83), Schwëster Marguerite SCHON (83), Madame Denise PFEIFFER-FORSTBAUER (83) ; Schwëster Elisabeth MAJERUS (84); Madame Lucienne NETO VALERIO-MÜLLER (85), Madame Marie-Thérèse MARTIN-WEIDERT (85), Här Robert BIWER (85); Schwëster Patrice LEY (86), Madame Maria BERG-SCHARTZ (86), Här Roland GRIGIONI (86); Schwëster Ambrosia ARENS (87); Här François GODAR (88), Här Georges WEYRICH (88), Här Lucien ZEYEN (88); Madame Margot PÉPORTÉ-DUMONG (89), Madame Marie José SCHMITZ-SCHMIT (89); Madame Medy ESCH-PEIFFER( 90), Madame Virginie HOBSCHEID-NEUSER (90); Madame Germaine FEINEN-NEUMAN (91); Madame Léonie FELLER-HINNA (92), Madame Léontine FRAST (92); Madame Ginette SCHMIT-TARTIÈRE (93); Schwëster Marie-Agnès SIEBENALLER (94), Madame Ketty FEIEREISEN-JENTGEN (94), Madame Jeanny WIES-MORITZ (94); Schwëster Teresa LOBIS (95); Madame Marie-Germaine MÜLLER-ERPELDING (97); Madame Cecile KREMER-STUMPF (99), Madame Joséphine PONCIN-REICHEL (99);

D‘Direktioun huet allen Gebuertsdagskanner alles Guddes gewënscht an nach weider eng gutt Gesondheet a vill Freed um Liewen.