De Paul Herber an d'Jeanny Mathekowitsch feieren Eisen- Hochzäit



Bieles: Am Krees vun hirer Famill huet de Paul Herber an d’Jeanny Mathekowitsch hir Eisen- Hochzäit gefeiert. Sin hun sech d’Jo Wuert den 30. August 1956 zu Béiwen/ Atert gin. Zesummen sin sie am Joer 1957 op Bieles an hiert Heem wunne gaangen. Aus hirem Bestiednis sin eng Duechter an e Jong erviergaangen. Haut ass d’Famill Herber- Mathekowitsch ganz stolz op hier 2 Enkelkanner an op hirt eenzegt Urenkelkand. Beim gemeinsamen Mëttegiessen an der maison rouge zu Sëll hun all Gäscht dem rüstigem Jubiläumspuer och no hirem 65-jährigem Bestiednis weiderhin nach vill frou a gesond Joeren derbéi gewënscht. (CR)(Foto: Charles Reiser)