Visitt vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel am CIPA Haaptmann’s Schlass

D’Visitt vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel am CIPA Haaptmann’s Schlass vun Elisabeth Senior zu Berbuerg huet bei de Bewunner fir vill Freed gesuergt. Den Ierfgroussherzog Guillaume, d’Ierfgroussherzogin Stéphanie an hire Bouf de Charles waren zesumme mat der Familljeministesch Corinne Cahen op Berbuerg komm, fir sech mat de Bewunner an dem Personal auszetauschen. De klenge Prënz Charles hunn d’Bewunner besonnesch an d’Häerz geschloss a si hunn him souguer erkläert, wéi ee Kichelcher richteg ausstécht. De Charles duerft och mam Modellzuch spillen, wouvunner hien immens begeeschtert war.


Dëst war net déi éischt Visitt vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel bei Elisabeth. Si hunn och schonn de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher besicht, dee vu Yolande Coop geréiert gëtt.


Mir soen der Ierfgroussherzoglecher Koppel, hirem Bouf an der Familljeministesch villmools Merci fir hir Visitt a mir hoffe si an noer Zukunft erëm eng Kéier bei Elisabeth begréissen ze kënnen.


Méi Informatiounen iwwer Elisabeth Senior fannt Dir hei: https://www.elisabeth.lu/personnes-agees/


Fotoen: Kary Barthelmey fir d'Maison du Grand-Duc