D'Schoulkanner aus der Bäertëffer Gemeng lafe fir de gudden Zweck.

D'Bäertrëffer Grondschoul hat e "Sponsored Run" organiséiert, wou d'Kanner fir de gudden Zweck gelaf sënn. Am Virfeld konnt all Kand 1 bis 10 Sponsore sichen, déi nom Laf entscheede konnten, wat Si pro Ronn spende wëllen. D'Kanner hu sech gutt dru ginn, a konnten zum Schluss houfreg op hier Leeschtung sënn. Sou koumen am Ganzen 10 000 Euro zesummen, déi d'Kanner bei enger offizieller Scheck-Iwwerreechung der "Kindernothilfe Lëtzebuerg" iwwerreeche konnten.

Dëss Suen gi fir Kanner aus de Ukrain gebraucht, déi duerch de Krich Alles verluer hunn.

De Kanner e grousse Merci fir hier Leeschtung an de Sponsoren e grousse Merci fir hier Generositéit.