Grouss Botz an der Gemeng Bäertrëf

D’Grouss Botz vun der Gemeng Bäertrëff war dëst Joer ënnert enger anerer Form organiséiert ginn. An Zesummenaarbecht mat der Schoul, së Freides, den 8. Mee, d’Bäertrëffer Schoulkanner duerch Duerf an d’Bëscher gezunn, fir den Dreck, deen dorëmmer loung opzesammelen. Dëst huet virun allem en edukative Sënn, well d’Kanner sou fréi geléiert ginn, keen Dreck an d’Natur ze geheien. Si ware mat Äifer dobäi, an hunn e puer Tute voll kritt. De Kanner e ganz grousse Merci!