Den Här Schmit Jean vu Bäertref feiert seng 90 Joer

De leschten 3. Oktober huet den Här Schmit Jean Adolphe säin 90. Liewensjoer erreecht. Am Krees vun der Famill gouf dësen Dag op Pappendag am Hotel Trail-Inn zu Bäertref gefeiertn an d’Vertréider vun der Gemeng hunn dem Gebuertsdagskand déi beschte Gléckwënsch iwwerbruecht.

Gebuer 1932 zu Uewerkuer huet den Här Schmit bal säi ganze Léiwen an der Minettemetropole verbruecht, an huet nom Militärdéngscht 1951 bis 1989 op der Schmelz geschafft. Do niewent war hie mat Leif a Séil Pompjee, säit 1948, a laang Zäit Ënnerkommandant am Uewerkuerer Pompjeescorps. Duerfir dréit hien haut den Titel vum Éierekommandant.

1953 huet de Jean d’Charlotte Schmit zu Déifferdeng bestuet, an si kenne souwäit d‘Gesondheet et well, d ‘nächst Joer hire 70. Hochzäitsdag feieren. Dräi Kanner 6 Enkelkanner a bis elo 2 Urenkele sënn aus dësem Bestietnes ervirgaangen. An senger Pensioun huet d ‘Famill Schmit öfters de Wee an de Mëllerdall fonnt vir spadséieren oder gutt iessen ze goen. A wëllt et hinnen esou gutt hei gefall huet, si séi dunn 2020 an d’Seniorenresidenz Am Parc wunne komm.

Mir wënschen dem Jean Schmit nach weider eng gutt Gesondheet an nach e puer Joren derbäi.