D’ Madame Lambinet-Muller Germaine vu Bäertref feiert hir 90 Joer

De lëschte 3. August huet d’Madame Lambinet-Muller Germaine vu Bäertref seng 90 Joer gefeiert. De Schäfferot vun der Gemeng Bäertref huet dës Geleeënheet genotzt fir dem Germaine déi häerzlechst Gléckwënsch vun de Bierger vun der Gemeng Bäertref ze iwwerbréngen.

Gebuer 1935 zu Bäertref, an enger Ur-Bäertrëffer Famill aus dem Haus A Meesch, gouf d’Germaine den 18. Abrëll 1959 ob eiser Gemeng mam Edouard Lambinet vu Bauschelt bestuet. Leider ass den Edi schonns 1998 relativ fréi verstuerwen, genausou wéi hiert eenzeg Meedchen am Joer 2015 de Kampf géint de Kriebs verluer huet.

Esou huet d’Germaine sech déi lescht Joren eleng duerchgeschloen, a wunnt nach ëmmer am eegenen Haus. Leider ass et him net méi méiglech senger léifster Beschäftegung, nämlech längere Spadséiergang duerch eis wonnerschéin Fielse Landschaft, no ze goen, mä e klenge Trëppeltour bei d’Noperen muss awer nach all Dag sinn. Mat intensiv Zeitung liesen a Rätsele opléisen, hält d’Germaine zousätzlech säi Geescht fit.

Mir wënschen dem Germaine nach weider eng gutt Gesondheet a vill Courage fir déi nächste Joren.