De Schäfferot huet de 6. Mee 2026 der glécklecher Koppel Günther Schuster a Marie Mathgen aus dem Hotel Perekop zu Bäertref häerzlech zu hirer Diamantenhochzäit gratuléiert.
Kennegeléiert hunn sech déi zwéin am Kleinwalsertal, wou de Günther hierstaamt, an d’Marie eng Zäit an engem Hotelsbetrib geschafft huet. No kuerzer Zäit zesumme wosste si genau wat si wollten an hunn sech d’Jo-Wuert ginn – eng Léift, déi elo schonn e bësse méi wéi 60 Joer unhält. De Günther ass deemools aus Léift hei zu Bäertref bliwwe fir am bekannten Hotel Perekop eng Hand mat unzepaken a spéider mat dem Marie ze iwwerhuelen. Hee fillt sech zënterhier hei doheem. An hiren Häerzer bleift awer trotzdeem och ëmmer eng enk Verbonnenheet zu de Bierger an dem Günther senger fréierer Heemecht.
Als passionnéierte Vëlosfuerer huet de Günther och schonn e.a. usprochsvoll Mountainbike-Touren duerch Südtiroul gemeeschtert, woubäi d’Marie hie voll a ganz ënnerstëtzt huet. Hir zwéi Kanner an och d’Enkelkanner begéint een ëmmer nees an deem mat vill Léift an Häerz gefouerte Familljebetrib.
De Schäfferot wënscht der Koppel weiderhin eng gutt Gesondheet, vill Freed a flott gemeinsam Momenter.