90.Gebuertsdag vum Steyer Léon vu Bäertref, fréiere Buergermeeschter vu Konsdref

De 17. Abrëll dëst Joer huet de Léon Steyer säin 90. Gebuertsdag an der Seniorenresidenz “Am Park” gefeiert. 1936 an der Stad gebuer, ass de Léon mat sengen Elteren 1938 ob Konsdref komm, wou de Papp als Bréifdréier geschafft huet. Och de Léon huet sech spéider fir dëse Beruff decidéiert. An senger Carrière huet heen op 22 verschiddene Platze geschafft, bis heen zum Schluss ob Konsdref komm ass. Sou huet hie bäi sengem Tour zu Housen d’Thérèse Lutgen vu Klierf kennegeléiert, a si hunn sech den 3. Abrëll 1964 zu Konsdref bestued. Dräi Meedercher a siwen Enkelkanner sënn aus dësem Bestietnes ervirgaangen.

An senger Jugend war de Léon och am Veräinsliewe vu Konsdref aktiv, an dat besonnesch am Old Boys Consdorf, dem fréiere Fussballveräin. Zousätzlech huet hien sech fir d’Lokalpolitik interesséiert a gouf 1970 an de Gemengerot gewielt, an huet 1988 fir 12 Joer de Buergermeeschterposten iwwerholl. De leschte Konstreffer Buergermeeschter deen et méi wéi eng Period gepackt huet.

Vir am héijen Alter e besseren Encadrement ze hunn, huet de Léon am Juli 2025 decidéiert mat senger Fra an d’Seniorenresidenz “Am Park” wunnen ze kommen. Sou hat de Bäertrëffer Schäfferot d’Éier an de Plaiséier dem fréiere Konstreffer Buergermeeschter fir säi Gebuertsdag ze gratuléieren. Et war e flotten Owend an enger agreabeler Atmosphäre wou déi eng oder aner flott Anekdot vu fréier gezielt gouf.

Mir wënschen dem Léon nach weider eng gutt Gesondheet, an dat heen nach vill Jore mat senger Fra kann zu Bäertref verbréngen.