90. Gebuertsdag vun der Madame Steyer-Lutgen Thérèse vu Bäertref

De 29. Juni dëst Joer huet d’Madame Steyer-Lutgen Thérèse hiren 90. Gebuertsdag an der Seniorenresidenz “Am Park” gefeiert. 1936 zu Klierf gebueren huet d’Thérèse spéider bäi der Post zu Housen geschafft, wou sie de Bréifdréier Leon Steyer kennegeléiert huet. Si hunn sech den 3. Abrëll 1964 zu Konsdref bestuet, wou si dann och laang Zäit zesumme gewunnt hunn. Dräi Meedercher a siwen Enkelkanner sënn aus dësem Bestietnes ervirgaangen.

Vir am héijen Alter e besseren Encadrement ze hunn, sënn d’Thérèse an de Leon am Juli 2025 an d’Seniorenresidenz “Am Park” wunne gaangen. Sou hat de Bäertrëffer Schäfferot de Plaiséier der fréierer Konstreffer Biergerin fir hiren 90. Gebuertsdag ze gratuléieren. Et war en agreabelen Rendez-vous wou déi eng oder aner flott Anekdot vu fréier gezielt gouf.

Mir wënschen dem Thérèse nach weider eng gutt Gesondheet, an nach vill Joren zesumme mam Leon zu Bäertref.