De Schäfferot huet de 27. Mee 2026 dem Rolf Bier an dem Ilona Jahn zu hirer Diamantenhochzäit gratuléiert. Sie léiwe säit September 2025 an der Seniorenresidenz “Am Park”.
D’Ilona ass zu Koenigslutter am Elm bäi Hannover gebuer an huet och do an der Géigend als Telefonistin geschafft wéi sie de den Rolf kennegeléiert huet, deem seng Schwester bäi der lëtzebuerger Post täteg war an iwwer hir Aarbecht Kontakt mam Ilona hat. Si hunn sech 1966 an Däitschland bestuet an eng Zäit zu Helmstet gewunnt, fir dann zesummen ob Esch-Uelzecht ze plënneren. Hiere Liewensowend verbréngen se dann elo, wéi schonns ernimmt, hei zu Bäertref. Aus dem Bestiednes sinn 4 Kanner, 14 Enkelkanner an 5 Urenkelen ervirgaangen.
De Schäfferot wënscht der Koppel weiderhin eng gutt Gesondheet, vill Freed a flott gemeinsam Momenter an eiser Gemeng.