Diamanten Hochzäit Raymond Meyers an Irène Schuller vu Bäertref

De Schäfferot huet de de leschten 2. September dem Raymond Meyers an dem Schuller Irène vu Bäertref häerzlech zu hirer Diamantenhochzäit gratuléiert. Dëse Rendez-vous sollt schonns am Mee stattfannen, mä duerch en Accident vum Raymond huet dat misse verluet ginn. Sou war hin, no enger schwiereger Geneesungsphas frou dësen Dag trotzdeem kënnen offiziel zesumme mat senger Famill an de Gemengevertrieder ze feieren.

Gebierteg sënn déi zwéi vu Bäertref, de Raymond vum Biirkelt an d’Irène aus dem Haus “An Hiiwels” am Zentrum vum Duerf. Si hunn sech säit der Kandheet kann, an dunn decidéiert sech dem 12 Mee 1966 zu Bäertref ze bestueden, dat trotz dem Widderstand vum Paschtouer an dem Beschass vun de Leit, wéint hierem Altersënnerscheed vun 11 Joer. Ween hätt geduecht, dass si géifen eng Kéier hier Diamantenhochzäit kenne feieren. Och wann sie am Ufank de Bauerebetrib vun Hiiwels weidergefouert hunn, ass de Raymond spéider ob d’Goodyear schaffe gaangen, dat bis zur Pensioun.

D’Irène huet sech laang Zäit an de Fraen a Mamme vu Bäertref an am Gaart an Heem Iechternach-Bäertref engagéiert, an de Raymond war och laang Fähnrich vun der Bäertreffer Harmonie. Wann d’Gesondheet et erlaabt, senn sie och haut nach gäre bäi all Evenement an der Gemeng derbäi.

Aus dësem Bestietnes sinn 2 Kanner, 3 Enkelkanner an 2 Urenkelkanner ervirgaangen,

De Schäfferot wënscht der Koppel eng gutt Gesondheet, vill Freed a nach weider flott gemeinsam Momenter.