De lëschte 14. Mee huet de Lucas Georges vu Bäertref, och nach de Kiischte Georges genannt, säin 90. Liewensjoer erreecht. De Schäfferot vun der Gemeng Bäertref huet dës Geleeënheet genotzt fir dem Georges déi häerzlechst Gléckwënsch vun de Bierger vun der Gemeng Bäertref ze iwwerbréngen.
Gebuer 1936 zu Bäertref gouf de Georges de 7. Februar 1959 ob eiser Gemeng mam Ries Gilberte aus dem Haus Nämmesch bestuet. Vun do un hu sie zesummen a Kiischten am Familljebauerebetrib an der Bruttgaass geschafft, wärend de Georges awer nach haaptberufflech engem anere Beruff nogaangen ass. Den Alter huet et hinnen ëmmer méi schwéier gemaach aleng eens ze ginn, an duerfir si Sie viru Kuerzem an d’Fleegeheem “Belle Vue” ob Iechternach geplënnert, wou sie sich ganz wuel fillen. Hei gi si dann och vun hiren dräi Kanner, fënnef Enkelkanner an och schonns 4 Urenkelkanner ënnerstëtzt.
De Georges war seng ganz Liewen enk mat der Musek verbonnen, hee war laang Joren Member an der Harmonie Berdorf um Saxophon Tenor, awer haaptsächlech hat de Chouergesank et him ugedoen. Mat senger wonnerschéiner Tenorstëmm huet de Georges vill Concerten a Massen déi vun der Chorale mixte vu Berdorf gesongen a verschéinert goufen, mat gestalt. An senger elo schonns 81 Joer dauernden aktiver Memberschaft vun der Chorale, war hien och 30 Joer President vum Veräin an dat vun 1986 bis 2016.
Mir wënschen dem Georges nach weider eng gutt Gesondheet a vill Courage fir déi nächste Joren.