Diamanten Hochzäit vum Raymond Peters a Claire Gruber vu Bäertref

De leschte 24. August hunn de Raymond Peters an d’Claire Gruber zesumme mat hirer Famill am Restaurant Am Park hiren 60. Hochzäitsdag gefeiert. De Schäfferot vun der Gemeng Bäertref huet vun dëser Geleeënheet profitéiert fir hinnen am Numm vun alle Bierger vun der Gemeng e klenge Cadeau ze iwwerreechen.