Generalversammlung Bedorfer Laf

Viru kuerzem war am Maison Culturelle « A Weewesch » déi 7. Generalversammlung vun der Berdorfer Laf asbl. Niewt den Memberen konnt de President Bob Nilles och de Buergermeeschter, Vertrieder vum Gemengerot souwéi Sponsoren an Vertrieder vun anere Veräiner begréissen.
De Berdorfer Laf 2017 hat duerch déi staark Konkurrenz vum Ironman zu Réimech leider kee sou e grousse Succès wéi déi Joeren virdrun, wat sech dann och duerch en Minus an der Kees bemierkbar gemaach huet.
Fir dest Joer sin d’Leit vum Berdorfer Laf awer optimistesch fir rem an d’Erfollegsspur zeréck ze fannen an hun och well d’Préparatiounen fir déi 10. Editioun ugefaang.
Personell goufen et keng Verännerungen am Comité vum Veräin.
Nodeems de Caissier an den Comité Décharge kruten, huet d’Sonia Dos Santos, Vertriederin vun SOS Villages d’Enfants Monde e klengen Exposé iwwert hier Missiounen an Projeten gehal an versprach d’Geld sennvoll anzesetzen. Sie huet sech och gefreet, dass de Berdorfer Laf an SOS Villages d’Enfants Monde och 2017 ausgesicht huet fir en Don ze maachen.
Nodeems sie den Scheck vun 1000 € iwwerreecht krut gouf den Owend bei engem klenge Patt ausklenge gelooss.