Generalversammlung vum 29.3.2023 Fraen a Mammen Berdorf

Evenement, Foto: Fernand Schmitz

Generalversammlung 2023 vun de Fraen a Mammen Berdorf

Den 29. März konnten d'Fraën a Mammen vu Berdorf op hirer Generalversammlung Schecken am Wert vun 33.000€ iwwerreechen. Dëst war zum gréissten Deel den Erléis vum Haupeschfest 2022, D'Suën goufen gespend un: Télévie, Déierenasyl Gasperech, Wonschkutsch, CNDS, Zitha Unit, Dignity a Care se kruten jeweils 4000€, an Juddu 5000€. Déi Verantwortlech vun dene verschiddenen Organisatiounen hu Merci gesot an dovu profitéiert hir Projet'en virzestellen, an ze erklären wéi d'Suën verwend gin. 2 Memberen hun sech gemellt fir dem Comité beizetrieden. Si goufen härzlech wëllkom geheescht. D'Sekretärin Christine Kaps huet den Aktivitéitsbericht virgedroën an d'Caissière Marie-France Siebenaler de Keessebericht. D'Presidentin Linda Hartmann huet der Gemeng, de Sponsoren, de Memberen an de Frënn en härzleche Merci gesot fir déi wertvoll Ennerstëtzung, an huet sech gewënscht dat dat an Zukunft esou bleiwt. De Buergermeeschter Joé Nilles huet d'Wuert ergraff an de Fraen a Mammen fir déi gudd Aarbecht felicitéiert. De Comité setzt sech aus 12 Memberen zesummen: Presidentin Linda Hartmann, Sekretärin Christine Kaps, Caissière Marie-France Siebenaler, Christiane Anen, Mireille Birkel, Germaine Greischer, Alma Karic, Martine Konsbrück, Petz Neumann, Mariette Rassel, Yvonne Pistola an Sandra Schneider.