Haupeschfest zu Berdorf den 5+6.11.2022

De Weekend vum 5. an 6. November war zu Bärdref déi 17. Editioun vum Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart. Bei schéinem Hierschtwieder a gudder Laun hun méi wéi 7500 Leit an de Stroosse vu Berdorf e puer flott Stonne verbruecht. Hei konnte si Konschtartikelen vun bal 100 Aussteller bewonneren an natierlech och kafen. D'Auswiel war grouss a sou war fir jiddereen eppes derbäi. Fir Iessen an Drénken war am Foodvillage, déi vun de Veräiner vu Bärdref bedriwwen gouf, beschtens gesuergt, an an der Kaffisstuff bei de Fraën a Mammen konnt en sech erblosen a selwer gebakene Kuch schmaachen. An de Stroosse vum Duerf si Stelzegänger getrëppelt, an de Ballonkënschtler huet mat sengen Kreatiounen Kanneraen liichte gelooss. D'Fraen a Mammen vu Berdorf si frou iwwer de groussen Erfolleg vum Haupeschfest a soen hire Gäscht, hiren Aussteller, hire Memberen a Frënn, eise generéisen Sponsoren an eiser Gemeng e grousse Merci.