50Joer Feier Fraen a Mammen Berdorf
De 5. Juli hun ďFraen a Mammen vu Berdorf bei allerbeschtem Summerwieder dat 50järegt Bestoën vun hirem Veräin gefeiert. Ugefaang mat engem feierlechen Gottesdengscht gehalen vun der Pastoralassistentin Josiane Mirkes, déi mat emotionalen Wierder op Aarbecht vun eisem Veräin agaang as. Duerno war eng Réceptioun am Centre Culturel mat Éierewäin gestëft vun der Gemeng, d'Grënnungsmemberen vun 1975 si geéiert gin an déi fréier Presidentin Josiane Spaus as Éierepresidentin genannt gin. Nom Iessen as et lëschteg weidergaangen, et gouf gedanzt a vill Fotoen mat der Fotobox gemaach, an eis Memberen wäerten dës Feier a gudder Erënnerung behalen.