Haupeschfest zu Bäertref

Am Kader vum Konschthandwierkermaart zu Bäertref gouf och déi traditionell Haupeschmass an der Briechkaul ofgehal. Nieft der Emweltministesch Carole Dieschbourg, dem aktuellen an dem zukünftege Buergermeeschter Ern Walerius a Joé Nilles hun nach ganz vill Leit un deser Mass mat uschléissender Seenung vun den Hënn deelgeholl. Zum Ofschloss gouf och nach e wiermende Patt zervéiert.

De ganze Weekend war awer och am Duerf vill gebueden mat ca. 130 Aussteller an ville Stänn vun den lokalen Veräiner a regionale Produzenten, déi déi Dausende Visiteuren mat Iessen an Gedrénks versuegt hun.