Klibberkanner vu Berdorf/Bollendorf-Pont spende fir d'Ukrain

No 2 Joer Pandemie konnten dëst Joer endlech nees d'Klibberkanner vu Berdorf a Bollendorf-Pont virunn Ouschteren duerch d'Stroosse zéien. Si haten schon am Virfeld de Leit matgedeelt, datt Si d'Hallschent vun hirem Klibberloun un d'Ukrain spende wëllen. A sou kënnen d'Klibberkanner ganz houfreg e Scheck vun 1000 Euro un "Care in Luxembourg a.s.b.l. Urgence Ukraine" iwwerreechen. Villmoolls Merci de Leit fir hier Generositéit a Merci de Klibberkanner, datt Si dës al Lëtzebuerger Traditioun weiderféieren.