Konveniat vum Joergang 1961

D'Jongen an d'Meedercher vum Joergang 1961 hu viru kuerzem um Schlass Bierg Konveniat gefeiert. Zwielef „Schoulkanner“ an eng Léierpersoun, d'Mme Alix Kimmel, hu sech am Haff vum Schlass zesummefonnt, fir hir 50 Joer ze feieren.

Ëm 17 Auer war Rendez-vous am Gemengenhaus zu Bierg, wou d'Biergermeeschtesch Marie-Josée Frank si empfang an den Éirewäin spendéiert huet. Owes hu si sech beim Baron zu Uesweller verwinne gelooss. Organisatore waren d'Marie-Paule Paulus, d'Christiane Hoffmann, d'Sonja Bamberg an de Raymond Schroeder. (Text/Foto: Luss Schiltz)