Veriniging van Nederlandse Agrariers in Luxemburg no 60 Joer opgeléist


Scheck vun 2 000 Euro fir Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren- Service Cooperation

Biereng: D‘Veriniging van Nederlandse Agrariers in Luxemburg“ huet viru kuurzem hir läscht Generalversammlung zu Biereng ofgehaalen, déi am Joer 1963 gegrënnt gin ass an elo no 60 Joer definitiv opgeléist gouf.

No den statuarischen Berichter déi och unsisono ugeholl gi sin, koum et dunn zu engem kuurzen Rëckblëck vun der Associatioun. Zu Lëtzebuerg hat nom Krich d’Stolindustrie Héichkonjonktur wat derzou gefouert huet, dat déi lëtzebuergesch Baurejongen an de „Minett“ gezun sin, wat zur Folleg hat, dat hir Bauerenhäff fräi goufen fir an d’Verpachtung. An Holland awer , war et ëmgedréint an doduerch konnten vill jonk Bauerejongen keen égenen Haff féieren. Well awer nit jiddeeren vun hinnen Loscht hat fir an Canada, Brasilien oder Neiseeland ze gouen, koum Lëtzebuerg ganz giedlech. Am Fréijoer 1951 ass den éischte Bauer mat Famill zu Lëtzebuerg ukomm an hir Zuel ass séier iwert 100 geklomm. Am Ufank koumen verschiddener nëmmen als Kniecht ier se selwer ee Betriib iwerholl hun awer och mat vill Problemer ze kämpfen haaten. De Bernard Zuidberg , deen Gaertner war, huet am Wanter den Tour duerch d’Ländche bei d’Bauere gemach fir engem hollänischen Geseemshandel säin Soom ze verkaafen. Do krut hien vun der Baueren hire Problemer verzielt. Op seng Uregung, hun de 15. Dezember 1963, ronn 120 Baueren, d’Verinigung van Nederlandse Agrariers in Luxemburg“ gegrënnt. De Bernard Zuidberg ass als President gewielt gin an ass dat bliwwen bis zu sengem Doud am Mäerz 2023. De Veräin huet Spezialisten a Riedner aus Holland komme geloss fir di verschiddenst Themen ze behandelen an och mat der Zesummenarbecht mam Landwirtschaftsministère ass engt neit Pachtgesetz geschaafe gin, dat schlussendlich 1982 a Kraaft getrueden ass. Niewt deenen berufflechen Interessen ass d’Fräizäit och nit mat verschiddenen Veranstaltungen nit vergiess gin. Och d’Kanner hun sech iwwert d’Schoul a Veräiner intégréiert a vill vun hinnen hun d’lëtzebuergesch Nationalitéit ugeholl. Bauer sin se net alleguer gin an hun sech an all méiglich Richtungen an hirem Liewen orientéiert. Nom Opschneiden vum groussen Gebuertsdagskuch huet de Romain Richer als President vun der ONG- D „Service Cooperation“ vun den „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“ villmols Merci gesoot fir de Scheck vun 2 000 Euro den och wirkungsvoll am Beräich vu Projeeën vun ONG am Burkina Faso agesaat gin. (CR (Foto: Charles Reiser)