3000 Euros fir "Wonschstär"

Scheckiwwerreechung zu Bärel


No eisem traditionnellen Kaffiskränzchen am Januar haaten Fraen a Mammen den 3. Abrëll hir Scheckiwwerreechung an der fréierer Bäreler Schoul.

All Joer göt dee gréissten Deel vum Erléis fir ee gudden Zweck gespend.

Dëst Joer war den Erléis vum Kaffiskränzchen an de Verkaaf vun den Hameschmieren fir Fondatioun "Wonschstär" bestëmmt.

- Wonschstär gouw 2014 gegrënnt an hot sech zum Zil gesat, Mënsche, déi op Grond

vu Krankheeten, Onfäll oder aner Schicksalsschléi kengt einfacht Liewen méi hon, ze

hëllefen.-

Während enger klénger sympathischer Feier hot Präsidentin Marie-Louise Majerus Lekt, dorënner Gemengevetrieder, begréisst.

Dammen Viviane Vermeer a Nicole Greiwelding von der Fondatioun Wonschstär waren op Bärel kommen a mir konnten hinnen ee Scheck von

3000 Euros

iwwerreechen.

Fraen a Mammen wëllen all deenen Lekt, déi Joer fir Joer op hire Kaffiskränzchen kommen oder eis mat engem Don ënnerstëtzen, villmools Merci soen.


Romaine Morbé-Fraiture




Weitere Neuigkeiten von Romaine Morbé-Fraiture >