Konveniat zu Wooltz


Konveniat vom Joergank 1954 - 1955


Coronabedingt konnte mir eise Konveniat viroan 2 Joer nik feieren, dofir gouw dat Fest dëst Joer nogeholl.

Vun den 46 "Kanner", déi am September 1961 an 1. Schouljoer gungen, haaten sech der 21 oagemeld, 11 haaten sech entschëlligt.

An der Weeltzer Gemeng gouwen mir vom 1. Schäffen, dem H. Patrick Comes fir den Éierewäin empfongen.

De Charel Pauly hot am Noam von eis all der Gemeng Wooltz merci gesoot fir den härzlichen Empfank.

Bei engem gudde Mëttigiessen am Hôtel-Restaurant Pommerlach gouwen vill flott Erënnerungen an Anekdoten opgefrëscht.

An enger Gedenkminutt gouw oan déi 7 Schoulkolleginnen a Schoulkollegen erënnert, déi eis leider ze fréih am Laaf von de Joeren verloss hon.

Am Nomëttig stung Visite vom "Sentier de Mémoire" um Schumann's Eck um Programm. De Kolleg Jang Weber hot eis iwwert d'Kämpf op dëser Plaz während der Ardennenoffensive déi néidig Erklärungen gin.

Dëst flott Treffen gouw am Bistro Kaul oafgeschloss.

Leider ass och dësen Dag ze séier riwwer gangen; mir all hoffen eis 2025 fir eis 70 Joer "in alter Frische" erëmzegesin.


(Foto M. Nic. Malget)

Romaine Fraiture via mywort

Weitere Neuigkeiten von Romaine Morbé-Fraiture >