Canne Blanche am Dëngst vun de visuell behënnerte Leit


Rëckbléck an Ausbléck aus der Generalversammlung

Préizerdaul: Canne Blanche oder les amis des aveugles du Grand- Duché de Luxembourg, ass eng Vereenegung ouni Gewënnzwëck , mat dem Zil, der Verbesserung vum moralischen, ekonomischen a sozialen Liewen vun de Blannen oder visuell behënnerten Mënschen bei ze droen. Si gëtt geleet vun engem Conseil d’administration vun 9 Leit. Derzou gehéiren och nach 2 Persounen, als Delegeierten, déi dem Verwaltungsrot mat berodender Stëmm beiwunnen. Et war fir den President Fernand Bley agaangs vun hirer statuarischer Generalversammlung am Festsaal am Préizerdaul, no senge Wieder vu Wëllkomm, eng besonnesch Éier, alle Memberen, dem Verwaltungsrot fir hirt Engagement an di kontruktiv Matarbecht niewt dem flotten Empfank vun der Gemeng Préizerdaul, haerzlich Merci ze soen. No der Virstellung vun den neien Memberen aus dem Verwaltungsrot, Thierry Lutgen an Castor Aguilera ass och op di gut Zesummenarbecht mat Blannenheem zu Rollingen/Miersch higewisse gin. Desweideren gouf bemierkt, dat d’Memberskaart 2023, fir vun den Avantagen können ze profitéiren op 15 Euro eropgesaat gin ass. All Memberen a Symphatisanten, déi wëllen un den Aktivitéiten vum Joer deelhuelen ass e Minimum vun 25 Euro virgesin. Ofschléissend huet den President den generéisen Don vun engem Verstuerwenen a bei Geleeënheet vun engem 100. Gebuertsdag säin extra Merci ausgedrëckt. Aus dem Aktivitéitsbericht vum Jeff Bentz gong ervier, datt den Verwaltungsrot an den exekutive Büro niewt hiren Sitzungen, fir hir 126, Memberen e Grillfest, eng Muselfahrt an eng Chrëschtfeier niewt enger finanzieller Zoulag, organiséiert haaten. Fir di reduzéiert Zäit wärend der Pandemie ze kompenséieren gouf et eng Corbeille mat Séissigkeeten fir Ouschteren a Chrëschtdag. Fir den positiven Finanzbericht vum Joer, den vun de Keesserevisoren Jules Geisen an Gilbert Welter als einwandfräi bestätigt gouf, ass Entlaschtung gewährt gin. Et ass och drop higewissen gin, dat d’Vereenegung Canne Blanche op finanziell Hëllef vun private Persounen, Firmaen an Spenden ugewissen ass, fir hir Aktivitéiten können ze organiséireren an och duerch ze féieren. Fir Member können ze gin steet e speziellen Formular fir all Interesséiert, zur Dispositioun. Folgend Aktivitéiten stin fir dat laafend Joer um Programm: Grillfest zu Koulbich (1. Juli); Eng Schëfffahrt op der Musel (7. Oktober) an eng Chrëschtfeier am Dezember zesummen mat der Fondatioun vun der Blannevereenegung zu Rollingen. A sengem Schlusswuert huet de Buergermeeschter Marc Gergen d’Gemeng Préizerdaul kuurz virgestallt an dem Verwaltungsrot vun der Canne Blanche weiderhin eng flott Zesummeschaffen zum Wuel vun allen visuell behënnerte Mënschen gewënscht. De Verwaltungsrot vun der Canne blanche gesäit momentan esou aus: Fernand Bley ( President); Roger Philippi (Vizepresident); Sekretärposten (vakant); Finanzverwalter (Jeff Bentz). Bäisitzend Memberen sin: Alice Didier- Wilhelmy, Josée Steichen- Risch, Patrick Feltgen, Castor Aguilera (del: CRL ), Thierry Lutgen (del: FLB), Léa Arendt (LB Conseiller) an Jean- Claude Streitz (Conseiller). La Canne blanche, 12, rue des bois, L- 8361 Goetzingen. E- Mail: jbentz@pt.lu – Tel: 621 244 112 (CR) (Foto: Charles Reiser)