Préizerdaul: D’Summeraktivitéiten „Préizerdaul aktiv“ erfreeën sech vu Joer zu Joer enger zounehmender Beléiwtheet bei den iwert 130 Kanner a Jugendlichen am Préizerdaul. De Patrick Antony , ënnerstëtzt mat sengem Betreiungsteam mat sengen Moniteuren a Personal aus der Maison Relais, haaten zesummen mat engem flotten Programm mat naturverbonnenen a spektakulärer Animatioun , ënnert dem Thema „Disney“ bëschtens gesuergt. Duerzou hun och en Ausflug an de Safary Park op Aywaille souwi och an de Beetbuerger Park niewt Bastel- Krea- Aktivitéiten Sportspiller, eng Olympiad Kinobesuch, zwee Hiken zu Lëltz um Stau, Kach-a Bastelatelier an zum Ofschloss eng Disneyparad an der rue de la fontaine zu Platen gehéiert. Am Kader vun der Ofschlossfeier bei der Spillarena „Dauler Kaul“ hun d’Kanner mat den Elteren, allen Leit e hir flott Kleeder, presentéirt. Zum Schluss huet de Patrick Antony awer drop gehaalen, fir alle Kanner mat hire Bertreier a Benevolen, fir hirt Engagement an Ausdauer souwi der Gemeng Préizerdaul fir hir Ënnerstëtzung och villmols Merci ze soen a jidderengem eng schéin an erhuelsam Vakanz gewënscht. (CR) (Foto: Charles Reiser)