E schéine Geste vun der Maison Relais Préizerdaul- 34 000 Euro gespend

34 000 Euro fir d’ Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn gespend

Préizerdaul: Eng Iddi hun an déi an Realitéit ëmzesëtzen. Mat dem Gedanken huet d’Arlette Hoffmann aus der Maison Relais Préizerdaul dest Joer e grousse Projet lancéiert, fir mat verschiddenen Manifestationen an Aktivitéiten, Geld fir e gudden Zweck ze sammelen. Gestart gouf mam Chrëschtmaart, den e groussen Erfolleg kannt huet an och 1 500 Euro erabruecht huet. Duerno gouf vu Januar bis Enn Februar Kuch a Schocki an der Paus am Schoulhaff verkaaft. Ouschterdag sin ronn 50 Dozen Eeeër, schéin mat Speck poléiert un d’Leit verkaaft gin. Am Laaf vum Joer huet den Theaterveräin, Dauler Schimmelkëscht mit engem generéisen Don vun 3 000 Euro de Projet ënnerstëtzt. Um bekannten Ouschtermaart hun di selwer gebastelt a gemolt Saachen e groussen Succès kannt. D’Glécksrad wat Bonnievale Projects dat fir desen Dag vun hinnen geléint gin ass, huet och en dëcke Batz erabruecht. Och di vill Fournisseuren vun der Gemeng déi ugeschriwwe si ginn, hun sech nit huele geloos an de Kont mat hiren generéisen Don’en och gut gefëllt. Reka Print huet e klengt Buch gesponsert, wat duerch Fotoen en Assistenz Hënn bei senger Arbecht an der Schoul weist, wat mat Biller déi Kanner aus dem Cycle 2.2 gemolt hunn, verschéinert gouf. Dat Alles niewt der Organisatioun vum Duerffest „Préizerdaul am Muppeféiwer“, mat villen flotten Attraktiounen a wou och eng ganz Reih vu Léit, fräiwëlleg gehollef hun. Onerwaart koum nach eng Stee vun engem Wonnerschéinen „Munoz Art“ – Bild dobäi. Musikalisch huet de Mike Poiré den Owend verschéinert an esou war et mat der Präsenz vun villen ASA- Muppen an hire Meeschteren e gelongenen Owend. Zum Schluss koum och nach de Schoulsport- Dag, bei dem Kanner aus der Préizerdauler Primärschoul fir de gudden Zweck gelaaf sin. No den ville Mercien vum Arlette Hoffmann un all Leit déi bei desem Projet gutt gehollef hun, sowi och der Gemeng Préizerdaul fir hir Ënnerstëtzung, koum et dunn wärend enger klenger Feierstonn zur Scheckiwerreechung un die Verantwortlich vun der Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn, déi sech iwert de Scheck vun 34 000 Euro verbonnen mat engem grousse Merci gefreet hun. Mat deser Spend können gläich zwéin Muppen bezuelt gin. E Mupp geet am Hierscht un den Ltpes op Miersch wou den Här Klaudio Persuric am Virfeld schon seng Freed ausgedrëckt huet fir de Mupp können an Empfang ze huelen. Den zweete Mupp gëet fir e Kand mat enger Behënnerung bezuelt, fir him d’Liewen méi einfach ze machen. (CR ) (Foto: Charles Reiser)