Eng propper Gemeng, Dank villen eifrigen Hänn


Préizerdaul: Wéi et schons säit Joeren virun Ouschteren zur Traditioun gehéiert, hat d’Gemeng Préizerdaul an Zesummenarbicht mam lokalen Syndicat d’initiative, fir e Samsden, den 25.Maërz op edi grouss Botz an der Gemeng invitéiert. Bei deels reenerischem Fréijoerswieder haaten sech nees vill asaatzfreedig a fräiwëlleg Matbierger , Vertrieder vun der Gemeng mat den Arbichter vum technischen Service , sech Zäit geholl, fir d’Uertschaften Bieberich, Horass, Platen, Proz, Roudbaach a Rëmmerich bei deser Botzaktioun, d’Natur vu jeglichem mutwëlleg entsuergtem Drëck, ze befreien. gläich am Ufank huet deBuergermeeschter Mar Gergen op d’Wichtigkeet vun deser Aktioun higewissen an och jiderrengem Merci gesoot fir d’Matmaachen. Duerno ass no virgezeechnetem Plang di ganz Gemeng duerchkämmt gin, fir dann zum Schluss am der Buvette vum Kulturzenter bei engem deftigen Teller Chili Con Carne an engem sëffige Patt als Merci e puer agreabel Momenter zesummen können ze verbrëngen. (CR) (Foto: Charel Reiser)