Gefällig Melodien beim Galaconcert vun der Préizerdauler Musik



Préizerdaul: Bedingt duerch Pandemie konnt de Galaconcert 2020 nit stattfannen, esou dat dest musikalischt Evenement mat kulturellem Character den Dag virun Halleffaschten an der schéin dekoréierter Sporthall am Préizerdaul engem dankbaren Publikum konnt präsentéiert gin. Fir den Christophe Terver, war et als neien Dirigent vun der Philharmonie Préizerdaul, déi nächstens hiren 175 anniversaire feiert, eng Erausfuererdung fir säin éischten Galaconcert können ze leeden. Et war hien och, den mat senge Musikanten en flotten an ofwiesselungsräichen Programm mat Melodien vun bekannten oder manner bekannten Komponisten oder Arrangeuren op Been gestallt huet, an dat och mat Bravour gemeeschtert huet. D’Moderatorin vum Owend, Lara Muller, dat di eenzel Stécker wi Ceremonial March, West Side Story, Laridah- Marsch, La Strada, Orion, Air of Winds bis hin zu Czardas niewt dräi Zugaben, gekonnt an am Detail präsentéiert huet, sin all Kéier vum Publikum mat vill Applaus honoréiert gin. Och d’Solisten Dominque Fonck (Euphonium); Paul Jassenk (Trompet) wi och de Félix Muller um Xylophon hun hirt musikalischt Talent op hiren jeweiligen Instrumenter ouni Zweifel och excellent bewissen. Zum Schluss vun desem flotten Galaconcert war et dem President Franz Hilger nit schwéier gefall, fir sämtlichen Musikanten mat hirem dynamischen Chef an de Solisten, der Moderatorin vum Owend mat allen Bedeeligten a Sponsoren säin oprichtige Merci auszedrécken, mat all denen déi zum Gelengen vun desem Concert bäigedroen hun. Och denen zwéin Bühnedekoratoren Marc Calmes an Guy Strotz sin geluewt gin fir hir wonnerbar Arbecht. Dem Organisatiounscomité 175 Joer Préizerdauler Musik, den ënnert der Leedung vun hirem President Fernand Muller geleet gett, ass schon am Virfeld vill Erfolleg an eng gut Zesummenarbecht gewënscht gin. Bei engem gudde Patt huet dest Event an angenehmer Ambiance säin würdigen Ofschloss fond. (CR) Foto: Charel Reiser)