Préizerdauler Musik feiert 175. Gebuertsdag


Préizerdaul: Gebuertsdeeg soll e feieren, esou wi se faalen ! Sou mëframcht et d’Philharmonie Caecilia Préizerdaul dëst Joer 2023 an och am Joer 2024. Den Optakt vun de Feierlichkeeten war am Virfeld schon den Hämmelsmarsch am September, ass am Kader vun enger flotter Soirée offiziell op den 175. Gebuertsdag ugestouss gin. No senge Wierder vu Wëllkomm a villen Mercien un all Éieregäscht, dem Organisatiounscomité 175 Joer Préizerdauler Musik, dem Virstand mat de Musikanten a Musikantinnen an hirem Dirigent, ass de President Franz Hilger a groussen Zich op d’Entsteeung vun der Dauler Musik agaangen, wou 1832 an éischten Notizen iwwert e Museksgrupp (Plinnerchen), déi an der Kierch de Gesank begleed hun an och Danzmusik gespillt hun, beriicht gouf. Am Joer 1847 ass d’Musikgesellschaft als 1. Veräin offiziell unerkannt ginn, wou een haut nach ganz stolz drop ka sin. 175 Joer all Woch Prouf, Concerten an Theater spillen, Dëppefester organiséieren an ofhalen, offiziell Feieren vun der Gemeng musikalisch encadréieren, nieft enger ganzer Reih vun freelich a manner freelich Evenemter, war d’Musik am Préizerdaul ëmmer e groussen Akteur wat de sozialen Zesummenhalt vun eiser Duerfgemeinschaft ugeet. An duefir ass de Franz Hilger och ganz houfrig, fir hire President ze sin. Och den Organisatiounspresident Fernand Muller huet di gut Zesummenarbecht mat alle Leit aus dem Organisatiounscomité erviergehuewen, déi an mühseliger Arbecht mat engem flotten Programm iwert e ganzt Joer, dest Jubiläum zesumme kënnen feieren. Respekt an Unerkennung gëllt och all deenen,déi sech vun Ufank un, agesaat hun, dat di Préizerdauler Musik all di Joeren konnt bestouen. A senger Ried ass de Buergermeeschter Marc Gergen op de Stëllewert an d’Wichtigkeet vun enger Musik an der Gemeng agaangen an huet der Préizerdauler Musik fir hiren 175. Gebuertsdag vill Erfolleg gewënscht an op enger weider gudd Zesummenarbecht higewissen. Wéi et bei esou Feieren zur Traditioun gehéiert koumen langjährig Musikanten a Comitésmemberen zu Éieren. Am Numm vum UGDA- Verwaltungsrot war et un dem Patricia Corsi- Kohnkow fir der Préizerdauler Musik mat hiren Geéierten ze gratuléieren a weiderhin dat Allerbëscht fir hirt Engagement op hire weidere musikalische Wee ze gin. Geéiert si gin fir 40 Joer Comité a Fähnerich: Ady Muller (médaille de mérite avec palmettes ). Lisa Groben fir 10 Joer Musikantin (médaille de mérite en bronze). Martine Pütz – konnt leider den Owend nit derbéi sin- waert seng „médaille de mérite avec palmettes“ fir 40 Joer aktiv Musikantin zu engem spéideren Zäitpunkt iwwerreecht kréien. No enger interessanter Power- Point Projektioun iwert di vill Evenementer aus vergaangenen Zäiten an nom Opschneiden vum groussen Gebuertsdagskuch huet dës Jubiläumsfeier a gudder Gesellschaft hieren würdigen Ofschloss fond (CR) (Foto: Charles Reiser)