Préizerdauler Musik: Mat neien Zieler an Zukunft kucken

Deelweis Erneierung vum Vorstand bei der Préizerdauler Musik

Platen : Et war fir den Franz Hilger bei senger éischter Generalversammlung als neie President vun der Philharmonie Préizerdaul, alle Musikanten, dem Comité mat hirem Dirigent an der Gemeng, Merci ze soen fir d’Engagement an d’Ënnerstëtzung am Laaf vum vergangene Joer. E Joer dat geprägt ass vun engem Wiessel an der deelweiser Erneierung vum Comité. Mat gläich dräi Haaptzieler wëll een am Musikveräin Zukunft nei gestalten an zwar: De Nowues förderen, d’Veräinskees opbesseren souwie Kollegialtéit an d’Aktivitéiten weider ausbauen. Derzou gehéieren och mol den en oder aaneren Ausflug. Och bei Jugend ass e gewëllt d’Kanner schon an der Spillschoul an och an der Primärschoul bis hin zur Musiksschoul fir d’Musik vu klengem un, ze ënnerrichten an derzou ze begeeschteren. Niewt den normalen Ausgäng stin d’nuit des sports an d’Aktivititéit mat engem Grillstand um „Street Festival“ den 16. Juli zu Rëmmerich um Programm. Den Optakt vun de Festivitéiten „175 Joer Préizerdauler Musik“ ass fir de Weekend vun der Dauler Kiermes schon fest am Manifestatiounskalenner. Aus dem Aktivitéitsbericht vum Joer 2022 gong ervier, dat niewt 45 Prouwen, 8 Concerts, 10 Optrëtter a 7 Comitésitzungen d’Joer gut gefëllt war. De Késsier Max Els huet d’Geschäftsjoer mat Ausgaben vun 17.800 Euro missen mat engem klengen Defizit ofschléissen. D’Keeserevisoren Marco Calmes an Daniel Roemen hun di exakt Buchführung och bestätigt. An Zukunft iwerhëllt de Claude Kaufmann d’Finanzkees vum Veräin. Nei Kéesserevisorin gett d’Patricia Hilger an den Daniel Roemen mam Carine Zuang iwerhuelen di fräi Plaatzen am Comité vum Max Els, Martine Pütz an Danielle Roemen- Reiser. Den Dirigent Christoph Terver huet den Erfolleg vum Galaconcert 2023 besonnesch erviersgestrach an ass och gewëllt an Zukunft Direktioun vun der Préizerdauler Musik mat Begeeschterung och gaeren weider ze féieren. Beim Schlusswuert ass de Konseiller Misch Loes vun der Gemeng Préizerdaul op d’Presenz vun der lokaler Musikgesellschaft bei allen Gemengemanifestatiounen agaangen an huet di Préizerdauler Musik, als eng vun denen eelsten Musikveräiner aus der Géigend fir hiren 175. Gebuertsdag engt schéint Fest an och fir Zukunft als Duerfveräin Alles Guddes a vill Erfolleg gewënscht. No der Iwerreeschung vu Blummen a Kadoen als Merci un di scheidend Comitémemberen gesäit den neie Comité esou aus: Franz Hilger (President); Mylène Schrenger (Sekretärin); Claude Kaufmann (Finanzverwalter). Beisitzend Mitglieder sin: Ady Muller, Lara Muller, Daniel Roemen, Laura Weis an Carine Zuang. (CR) (Foto: Charles Reiser)