Schoulkanner vir Musek begeeschteren

Préizerdaul: Fir dem Problem, dem Mangel un Musikanten am Duerfveräin e bëssen entgéint ze wierken, ass viru kuurzem d’Initiativ an der Préizerdauler Musik ergraff gin, fir de Schoulkanner aus dem Préizerdaul anhand vun enger klenger Virféiereung di verschidden Instrumenter virzestellen. Begeeschtert waren d’Kanner fir Mol dat engt oder aanert Instrument selwer auszeprobéieren an och Mol versicht hun de richtigen Toun eraus ze fannen. Mat vill Interessi hun d’Kanner mat hirem Personal aus denen verschiddenen Klassen de klenge Concert vun de Musiker och ganz gut nogelauschtert. Eng Initiativ, déi bestëmmt fir Zukunft an der Musik aus dem Préizerdaul hir Friichten waerd droen. (CR (Fotoen: Charles Reiser)