Floumaart – Kommt laanscht a stöbert!
Mellt Iech un: per Mail un fkbeetebuerg@outlook.com
Dir sicht no engem klenge Schatz, eppes Besonnesches oder einfach no engem Schnäppchen?
Da kommt bei eis op de Floumaart!
Hei kënnt Dir vill flott Saachen entdecken – vläicht ass genau dat Stéck dobäi, dat nach an Ärem Doheem feelt. Villäicht fannt Der och neit Bastelmaterial.
Kommt laanscht, kuckt Iech ëm, potert e bëssen a genéisst eng flott Ambiance. Fir Mëttegiessen, Kaffi a Kuch ass gesuergt.
Ob fir ze kafen, ze verkafen oder einfach fir ze stöbern – jidderee ass wëllkomm!
Datum: den 8 November 2026
Auerzäit: 10 Auer
Plaz: Beetebuerger Sportshaal direkt beim Parking op der Place Nelson Mandela.
Mir freeën eis op Iech!
Kommt laanscht – et ass bestëmmt eppes fir Iech dobäi!