100. Gebuertsdag vun der Madamm Olga Becker-Schmit

An der résidence an de wisen zu Beetbuerg gouf den 14. Juni eng flott Gebuertsdagsfeier organiséiert, fir der Madamm Olga Becker-Schmit hiren 100. Gebuertsdag ze feieren.


D'Madamm Olga Schmit gouf den 12. Juni 1923 zu Schëffleng gebuer, Si huet ee Brudder de Fred, deen 3 Joer méi jonk ass wéi Si.


Am Joer 1941 begéint Si hiren zukünftege Mann de Michel Becker mat deem Si Päischten 1942 bestuet gouf. D'Koppel krut zesummen 2 Kanner, ee Meedchen d'Annette an ee Jong de Jean. Op hier 5 Enkelkanner a 6 Urenkelen ass si ganz stolz.


D'Koppel ass an der Escher Geschäftswelt ganz bekannt gewiescht, laang hu Si zesummen eng Maroquinerie an ee Sportsbuttek an der Uelzechtstrooss mat vill Fläiss geleet.


Bei enger Kippche Cremant an e puer Häppercher huet d'Direktioun vum Haus der Jubilarin ee grousse Bouquet iwwerreecht. De ville Felicitatiounen hu sech ugeschloss, d'Presidentin vum Heemrot, d'Madamm Mohren mat engem léiwe perséinleche Fotos-Cado grad ewéi d'Amciale mat engem flotte Blummenarrangement, deen d'Presidentin Madamm Salvestrin iwwerreecht huet.


De Beetebuerger Schëffen Jean-Marie Jans an de Minister Marc Hansen ware mat um Rendez-Vous. Der Jubilarin gouf säitens vum Herr Minister d’Médaille am Ordre de Mérite (Médaille en Vermeil) ugespéngelt.


Am Krees vun hirer Famill an e puer Frënn vun hirer "Unitéit des Jardins" hat d'Madamm Becker ee flotten Dag.


Alles Guddes Madamm Becker-Schmit!