3. Kavalkade an de wisen Beetebuerg

Fir déi drëtte Kéier a senger Geschicht vun der résidence pour personnes an de wisen huet d’Ekipp vum Soutien eng flott Kavalkade am Haus organiséiert.

Nom Succès vun 2021 wou deemools d’Thema „Safari“ war an 2022 mam „Westernstyle“, wollt een och am Joer 2023 dëst flott Event nees lancéieren.

Esou ass e Freideg de 24. Mäerz déi also 3. Kavalkade pünktlech um 14h30 an der Residenz gestart an dat zum Thema Märercher. De „Fues-Zuch“ ass duerch d’ganz Haus a besonnesch och op deene 6 Unitéiten zirkuléiert, fir esou all de Bewunner/-innen e bëssi Freed an hiren Alldag ze bréngen.

D’Bewunner/-innen, hir Familljen an och d’Personal haten dee Mëtteg ganz vill Spaass an et goufen des Kéier lecker Kichelcher un d’Leit verdeelt.
D‘Ekipp hat sech immens schéi verkleet an nees vill Léift an Detail an hir Dekoratioun an an hire Won gestach, dee passend zum Thema den Hänsel agespaart hat, mam Gretel wat niewent sengem Brudder getrëppelt ass an d’Hex war och net wäit vum Schoss. De Wollef an d’Routkäppche grad sou wéi d’Schneewittche mat den Zwergen oder de Fräschkinnek a nach vill aner Fuesboke ware mat um Depart. Am Nomëtteg gouf an der Cafeteria gedanzt, geschunkelt, gesongen an d‘Polonaise, deier sech vill Fuesgecken ugeschloss haten, gouf ëmmer méi laang - esou datt och d’Famillen déi op Besuch waren hire Furrie deen Dag haten an ee flotte Mëtteg mat hire Léifste verbréngen duerften.

D’Direktioun ass frou datt d’Personal ëmmer erëm mat schéinen Iddien de Leit ee Laachen an d’Gesiicht zaubert – ee grousse Bravo un all déi hei matgeschafft hunn – mir sinn all op di nächst Kavalkade gespaant. D’Fotoen hei schwätze fir sech.