Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg

De Schlasscocncert 2017 vun der Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg war och dëst Joer erëm e groussen Erfolleg. Freides de 16. a Sonndes den 18. Juni war de Sall vum Schlass, trotz super Wieder a villen aaner Manifestatiounen, zwee Mol gudd gefëllt. Mat hierer Dirigentin, dem Nancy Back-Kelsen, de Solisten Gaby Wolter-Boever a Marc Dostert, um Piano begleed vum Françoise Tonteling, wousst de Chouer säi Publikum mat engem schéinen an ofwiesslungsräiche Programm vu bekannte Melodien aus Operette a Musical ze begeeschteren. Duerch de Concert, dee mat verschidden speziellen Effekter flott opgelockert war, huet d‘Marie-Jeanne Wilwert mat interessanten Erklärungen gefouert. Ee Mol méi e schéine kulturelle Bäitrag vun der Chorale Municipale Sängerfreed.