Op en Neits wousst d´Chorale Municipale Sängerfreed vu Beetebuerg säi Publikum um traditionelle Schlassconcert ze begeeschteren. Freides den 9. a Sonndes de 11. Mee war de Concertssall vum Kulturhaus zu Hunchereng di zwou Kéiere voll beluecht. De Concert mam Titel „Kuckt do: eng BRÉCK“ war aus speziellem Ulass astudéiert ginn. Niewent ville Bréckelidder gouf och en neit Lidd, geschriwwe vum Jean Back a komponéiert vum Marco Pütz, uropgeféiert, dëst op Wonsch vun der Gemeng Beetebuerg. Et war dat en Hommage un di nei Bow-String Bréck iwwert d´Eisebunn zu Beetebuerg.
Mat flotten Texter huet de Jemp Gangler duerch de Concert geleet. Solistin war d´Gaby Wolter-Boever an um Piano huet de Daniel Lang d´Chorale meeschterhaft begleet. De Concert stoung ënnert der kompetenter Leedung vum Nancy Back-Kelsen.