Éierunge bei der Chorale Municipale « Sängerfreed » Bettembourg

Mëtt Dezember gouf di 106. Generalversammlung vun der Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg am Festsall vum Beetebuerger Schlass ofgehale.

Aus dem Rapport vun der vergaangener Gesangssaison war gewuer ze ginn dat d´Chorale aussergewéinlech vill Manifestatiounen um Programm hat, wéi eng Telemass, en Dicksowend zu Mondorf mat Solisten a klenge Chouer an am Kader vu Literatour Beetebuerg gouf un de fréiere Sänger an Eiremember Michel Schaack geduecht. De Schlassconcert, mam Thema „Kuckt do: ENG BRÉCK“ gouf wéi all Joer zweemol opgefouert. Eise Concert Spirituel vum 2. Adventssonndeg mam Requiem vum Mozart war e groussen Erfolleg.

Den nächste Schlassconcert ass de 4. Juli 2026 an der Sportshal zu Beetebuerg zesumme mat der Militärmusik an dem Wolzer Chouer. Dëse Concert gëtt och den 3. Juli 2026 zu Wolz op de Festspiller opgeféiert.

Et si 87 aktiv Memberen ageschriwwen an et ware 46 Prouwen am leschte Veräinsjoer. E klenge Kaddo fir de beschte Prouwebesuch kruten di Damme Monique Biren, Mariette Graas, Danielle Horsmans a Josiane Reiffenberg.

Et goufe geéiert, Weber-Neuens Simone fir 5 Joer Aktivitéit, Gangler Jean-Paul, Mackel Gaby, Majerus Jean, Poos Guy a Roesgen-Dohm Monique fir 10 Joer, Levy-Weber Claudine, Weber Jil an Zangerlé-Olsem Claudine fir 20 Joer, Baechler-Wark Patricia a Weyer Marianne fir 30 Joer, Baum Monique fir 50 Joer, Wewer Gaby fir 60 Joer, Hoscheid-Weber Jill fir 10 Joer Vize Präsidentin, Laures-Aelbrecht Sylvie fir 10 Joer Archivist an Hennico Roger fir 20 Joer Keessjee. Posthum gouf Milmeister Anny neien Eiremember genannt.

Nei an de Kommitee gewielt gouf d´Diana Wagner-Martin, Kommitee deen elo follgendermoossen ausgesäit: Präsident Lucien Einsweiler, 1. Vizepräsidentin Jill Hoscheid-Weber, Sekretärin an 2. Vizepräsidentin Jeanny Kettel, Keessjee Roger Hennico, Memberen: Mariette Graas-Wealer, Maggy Krause-Stoos, Marc Mackel, Jean Majerus, Josiane Poeckes-Origer, Monique Roesgen-Dohm, Diana Wagner-Martin, Dirigentin Nancy Back-Kelsen.