Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg - Assemblée Générale

Éierungen bei der Chorale Municipale « Sängerfreed » Bettembourg

Et war di 104. Generalversammlung vun der Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg déi viru kurzem am Festsall vum Beetebuerger Schlass ofgehale gouf.

De Programm vun der leschter Saison war gutt gefëllt. Den Ofschloss war eng Concertsrees an de Friul op Udine a Flaibano wat am Kader vun 30 Joer Jumelage mat der Gemeng Beetebuerg organiséiert gouf.

Et sinn 79 aktiv Memberen ageschriwwen an et waren 52 Prouwen am leschte Veräinsjoer. E klenge Kado fir de beschte Prouwebesuch kruten Marianne Weyer a Claudine Zangerlé.

Et goufe geéiert, Pascale Dussausaye-Prince fir 5 Joer Aktivitéit, Edmond Biren a Christiane Weber 10 Joer, Carole Feltgen 20 Joer, Marco Giacomini 30 Joer, Mathias Sliepen 40 Joer a Christiane Hennico-Kaber 50 Joer.

Nei an de Komitee gouf de Jean Majerus gewielt. De Komitee fir di nei Saison gesäit folgendermoossen aus: Präsident Lucien Einsweiler, 1. Vizepräsidentin Jill Hoscheid-Weber, Sekretärin an 2. Vizepräsidentin Jeanny Kettel, Keessier Roger Hennico, Archivistin Sylvie Laures-Aelbrecht, Memberen Mariette Graas-Wealer, Maggy Krause-Stoos, Marc Mackel, Jean Majerus, Josiane Poeckes-Origer, Monique Roesgen-Dohm, Dirigentin Nancy Back-Kelsen.

Als nächst um Programm ass den traditionelle Concert Spirituel den 10. Dezember 2023 zu Beetebuerg an der Dekanatskierch.