Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg - Hommage un de Friul

Den traditionelle Schlassconcert vun der Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg, deen dëst Joer fir di éischte Kéier am Sall vum neie Kultourhaus zu Hünchereng stattfond huet, war e groussen Erfolleg. Freides den 12. a Sonndes de 14. Mee war de Sall gudd gefëllt. Mat hirer Dirigentin, dem Nancy Back-Kelsen, der Solistin Gaby Wolter-Boever, um Piano begleed vum Marie-José Hengesch, wousst de Chouer säi Publikum mat engem schéinen an ofwiesslungsräiche Programm ze begeeschteren. Dëse Concert, mam Titel „Hommage un de Friul“, séngt d’Chorale am Summer am Friul, wou si am Kader vum der 30 jähreger Feier vum Jumelage vun der Gemeng Beetebuerg mat Flaibano, eng Kulturrees ënnerhuelen.