De Le Réveil Beetebuerg éiert seng Memberen ob senger AG
um weitere Bilder zu sehen.
Enn Mäerz hat de Le Réveil Beetebuerg seng Assemblée générale zu Beetebuerg am Schlass. Vill Memberen a Frënn vum Turnveräin haten de Wee fonnt, ma och d’Vertrieder vun der FLGym an d’Éierepresidente ware present.
Zesumme gouf op ee flott an erfollegräicht Joer 2025 zeréckgekuckt, an et gouf villen Turner, Trainer, Jugen a Benevollen Merci gesot, déi dës Saison nees besonnesch gemaach hunn. E grousse Merci goung och un de Christian Pierret, President vun der Turnfederatioun FLGym, fir seng schéi Wierder vis-à-vis vum Veräin.
Och dëst Joer goufen aus de verschiddene Sektiounen e puer Membere fir hir Leeschtungen an hiert Engagement geéiert, genee wéi d'Kaderturner. E grousse Merci geoung un d’professionell Trainerin, d'Lumi, fir seng wichteg Aarbecht an un déi vill Benevollen, ouni déi de Fonctionnement vum Veräin net méiglech wier.
E spezielle Merci goung un d’Annette Kohl, dat dem Veräin zwar erhale bleift, sech awer no 24 Joer aus dem Comité zeréckzitt. De Veräin huet seng wäertvoll Aarbecht am Laf vun de Joren ënnerstrach.