50 Joer Gehansbiergknappen zu Diddeleng
um weitere Bilder zu sehen.
50 Joer Gehansbiergknappen zu Diddeleng. Dat ass 50 Joer Wanderen zu Diddeleng. An dat geheiert sech gefeiert.
Speziell fir den Uloos hunn d‘Gehaansbiergknappen en neie Veräinsfändel mat hirem Wope kritt, deen och vum Geeschtlechen Edmond Ries geseent gouf. Nieft dem grousse Kuch war och d‘Éierung vu villen Memberen en Highlight vum Nomëtten. Gefreet gouf sech och, dass een mam Eugène Ziger a Lori Wintersdorf nach zwee Grënnungsmemberen fir de 50. Gebuertsdag vum Veräin begréisse konnt.
De Buergermeeschter Dan Biancalana, d’Representantë vum Gemengen- a Schäfferot, de Romain Buschmann, President vun der Lëtzebuerger Wanderfederatioun a vun IVV Europa, d’Edmée Anen vum Diddelenger Syndic, a vill aner Invitéen hunn net schlecht gestaunt iwwer de Réckbléck an déi sëllechen Aktivitéite vum Veräin an de leschte fënnef Joerzéngten. Vun der Grënnungsgeschicht iwwer gemeinsam Wanderungen, den Ënnerhalt vu permanente Wanderweeër, dem traditionellen Hierkenowend vum Veräin, Wandereuropiaden, -weltmeeschterschaften an -olympiade war alles dobäi.
D‘Gehansbiergknappen hu scho vill zesummen erlieft a freeën sech ob déi nächst 50 Joer.
© Photos Radio Dudelange by Halsdorf Sylvain & Vitor Santos