Jonk an Al schwätzen iwwer Lëtzebuerg
um weitere Bilder zu sehen.
Am Kontext vum Multimedia-Projet „Jeune Journaliste 2018“ ware Memberen vum „Schuman Tube“ aus dem Lycée Robert Schuman a Schüler aus dem Lycée Technique du Centre kierzlech op Visite an der Beetebuerger
„Résidence pour personnes âgées an de Wisen“. Do hu si sech de ganzen Dag iwwer mat ausgewielten Heimbewunner iwwert „eist Land, seng Awunner a seng Macken“ ënnerhalen - e Sujet, deen esou vun den Organisateur’en vum Concours „Jeune Journaliste 2018“ lancéiert gouf.
Zur Sprooch koumen deemno e.a. di sozial, politesch, ekonomesch, reliéis a kulturell Facette vun eisem Land - an dat aus den ënnerschiddleche Perspektiven vun de Senioren a vu lëtzebuergeschen an auslännesche Jugendlechen.
Eigentlech war geplangt, schonn eppes no 9 Auer mat den Entrevue’en unzefänken. Leider gouf et zu Beetebuerg op der Gare en technesche Problem mat den Diere vum Waggon, déi net opgaange sinn, esou datt eist Filmteam bis op Hettange-Grande huet misse matfueren an duerno erëm zréck op Beetebuerg gondelen - eng kleng Odyssee, déi di Jonk an hir Proffen awer mat vill Humor geholl hunn.
Deemno huet d’Diskussioun vu Jonk an Al mat liichter Verspéidung am Festsall vun der Residence ugefaangen.
No engem gemeinsame Mëttegiessen goufen d’Gespréicher deels am Salon, deels dobaussen am Park vum Heim anlässlech vun enger klenger Promenade fortgefouert. Dokumentéiert gouf dat Ganzt mat 4 Kamera’en an 2 Iphon’en.
No 16 Auer goung et dunn erëm mam Zuch zréck an d’Staat.
Di nächst Missioun besteet elo doranner, an de kommende Wochen e Film aus de gesammelten Opnamen ze schneiden.
Abgabetermin fir de Concours ass den 9. Februar 2018.